Mireille Meyers

Mireille-Meyers-visageHRS-Label-10-ans-HRSD’Mireille Meyers ass Associée am Familiengrupp « Meyers », deen 1964 vun sengem Papp gegrënnt gin ass, an an der Botzerei spezialiseiert ass. Zesummen mat sengen Bridder beschäftegt et iwwer 1000 Persounen an leet vill Wäert op den Familiengeescht vun sengem Betrieb. Gespréich mat enger ganz dynamescher Frau déi passionéiert ass vun senger Aarbecht an senger Famill.

 

Interview de Mme Meyers

Ech heechen Mireille Meyers. Ech sin den 25ten Juni 1965 an der Clinique Bohler gebuer an ech sin Associée vum Grupp Meyers, en Familienbetrieb deen ech mat mengen Bridder leeden an deen setzt sech zesummen aus den Firma’en Nettoservice, Netto-recycling an Meyers&Cie.

Kéint Dir eis Ären beruflechen Parcours verzielen ?

Nodeems ech meng Première gemaach hun, sin ech nach an den ECG gaangen. Ech hun dun awer schnell gemierkt dass am Betrieb eng Persoun gesicht gin ass an ech hun décidéiert do unzefänken an ech sin och haut nach der Iwwerzeegung dass ech do am meechten geléiert hun.

Wéi hudd Dir Ären Beruff gewielt ? Wuar et een Kandheetsdraam ?

Schon als ganz klengt Kand wousst ech dass ech herno géif an den Betrieb goen, ech hun mech emmer dofir interesséiert, sin schon ganz jonk mat mengem Papp mat op den Buro gaangen an daat huet mier och emmer Spass gemaach an ech wousst dass ech daat wéilt maachen.

Wuar et schwéier sech eng Plaz als Fra ze maachen ? Mat enger Carrière wéi Ärer, sidd Dir oft mat Stereotypen konfrontéiert ?

Also ech haat nie iergentwelch Problemer mech duerchzesetzen oder nie d’Gefill ech géif net behandelt gin wéi déi aaner. Ech kreien heinsto gesoot dass daat och su wuar well et en Familienbetrieb ass, well ech direkt dohinner komm sin an ech soen emmer dass ech mech awer hun missen behaapten an duerchsetzen an ech mengen daat ass mir emmer gelongen an ech haat och nie d’Gefill net fir voll, net wéi d’Männer behandelt zegin.

Waat ass Är scheinsten Victoire ?

Daat ass dass meng Bridder an ech den Betrieb, deen main Papp gegrennt haat, weidergefouert hun an och nach ausgeweit hun an datt ma do och wierklech Succès haaten.

Waat ass déi gréissten Erausfuerderung déi een Ierch jeemools lancéiert huet ?

Den gréissten Défi gett et net, all Daag ass en Défi an et muss een sech all Daag mat neien Problemer auserneen setzen an déi léisen.

Waat ass Ären Antistress Trick ?

Do hëlleft mir ganz vill d’Famill, wou ech net brauch iwwert d’Problemer fum Daag ze schwetzen mee och hinnen kann nolauschteren an diskuteieren. Ausserdem gin ech 2x d’Woch Sport maachen, waat och ganz gudd deet. Oft mierkt een dass een dohinner geet , an et ass een bessen nervös, an no 10 Minuten ass daat rem tiptop an do mierkt een dass rem alles vill besser geet.

Waat ass Är Devise ?

Meng Devise ass « Allez hepp, virun ». Net bei eppes stoen bleiwen mee einfa virun.

Wéieen Genre Bebé wuar Dir ? Wéi wuar Dir als klengt Meedchen ?

Also wann een menger Mamm kann gleewen, war ech en bravt Kand an en onkomplizeiert, well ech och daat zweet war, an beim zweeten ass een och nemei esou piipech. Ech arenneren mech immens gudd dorun wéi ech mat mengen Bridder emmer gespillt hun, mee awer och mat den Kolleegen aus dem Duerf an dass mier emmer Gebuergenheet haaten doheem an vun eventuellen Problemer déi meng Elteren haaten, nie eppes matkruten. Also finanziell Problemer am Unfank vun der Sociéteit oder wou et schwiereg war. Mir hun nie eppes dovunner matkrut an hun eis emmer Gebuergen gefillt.

Waat sin Är Leidenschaften?

Déi gréissten Passioun ass meng Arbecht, wou ech immens gären maachen, an dann eben och Musik. Mat 15 Joer, haat ech mat Kolleegen eng Chorale gegrennt déi mier wierklech immens vill gin huet an daat wuar immens schéin. Mir treppelen zwar lo méi lues well ma alleguerten nach vill aaner Saachen hun mee daat ass en immensen Souvenir un déi ganz Jugend an un déi Joeren dono.

Bréngt Dir et fäerdeg Ierch ze schützen andeems Dir Zäit fir Ierch huelt? Waat sin Är Ressourcen ?

Also bëssen Zéit fir sech muss een huelen an daat ass normalerweis Samstes mettes, Samstes owes, an Sonndes wou mir spazéieren gin an och bëssen an der Famill zesummen sin. Awer an der Woch ass net esou vill Zeit. Ausser déi 2 Mol Sport.

Wéieng Persoun bewonnert Dir am meechten ?

Meng Elteren. Well se aus neicht, vill gemaach hun an emmer zesummen gehaalen hun och wann et net esou gudd gaangen ass oder wann se finanziell net grad sou gudd do stoungen an waat se opgeriicht hun an wéi se daat zesummen gemaach hun. Dat ass wierklech bewonnerenswert.

Waat sin an Ären Aan déi wichtegst Eigenschaften ?

Also haabtsächlech d’Eierlechkeet , datt d’Menschen eierlech sin, direkt soen waat se denken an mech net beléien. Daat ass daat wichtegst.

Wéieng Rotschléi géif Dir jonken Mammen gin waat d’Erzéiung ungeet ?

Sie sollen sech vill Zeit fir hir Kanner huelen wann se kleng sin, och herno well dann brauchen se een och nach ganz vill. Awer sie sollen se net an Watt weckelen, sie sollen se wierklech op daat firbereeden waat op se duerkennt well gebrooden Dauwen kommen net an den Mond geflunn an sie mussen wierklech kämpfen fir zu eppes ze kommen.

Wou wuart Dir virun 10 Joer ?

Virun 10 Joer, wuar ech virun da 4. Do hun ech meng 40 Joer kritt an daat waar en Gefill wéi „Oh lo bass de aal, lo fänkt et un mat Bierg oofgoen“. Mee ech hun awer herno gesin dat et guer net esou wuar an dass sech eigentlech guer neicht geännert huet mee daat henkt vun jiddferengem selwer oof waat en dorauser mecht.

Wéieen Lierwen wënscht Dir Ierch an 10 Joer ?

Dass mir entouréiert sin vun eisen Kanner am Betrieb, hoffentlech ass d’Relève do, sie soen mol io, an dass ma mat hinnen - meng Neveuen an meng Bouwen - kennen schaffen, an esou virun fueren wéi ma amgaangen sin.

Wann Dir … wiert?

Eng Musik?

Wann ech eng Musik wär, dann wär ech déi dei jiddferengem gefällt zu deem Moment wou een se brauch, d.h. esou wéi deem sein Gefill deen Moment ass an ech wéilt ech keint mech deen Moment unpassen an dann entweder eppes douces oder hard rock sin.

Een Déier?

Wann ech en Déier wär, dann wär ech en Bär, well deen eng Stärkt huet an awer och gemittlech kann sin an Gebuergenheet schenkt.

Een Plat?

Also ech wär en ganz liichten Plat, deen engem net um Moo leit mee deen engem awer och heinsto kann erop stoussen.

Eng Fuerf?

Greng. Well Greng ass d’Fuerf vun der Hoffnung an fir mech och déi Fuerf déi am meechten ausseet.

Ech hätt gäeren eng zweet Chance fir…

Eigentlech fir neicht. Ech hun déi Saachen alleguerten gemaach am Bewosstsin, heinsto seet een mol „dat doen hätt ech keinten aanecht maachen“ mee et ass dann awer net emmer gesoot dass een dann eppes besseres gemach huet. Et muss een kennen mat sengen Decisiounen lierwen.

Waat ech bereien

Neicht. Ech stin zu deem wat ech gemach hun. „Non rien de rien, non je ne regrette rien ».

Waat mir Angcht mecht

Déi aktuell politesch Situatioun, awer och déi sozial Situatioun dobaussen well keen méi fir deen aaneren do ass an jiddfereen nemen nach sech geseit. Also daat mecht miir den Moment schon en besschen Suergen.

Waat mech virun bréngt

D’Leift zu eisen Betrieber, meng ganz Famill an awer och alleguerten déi Familien déi fir eis schaffen, déi all Daag schaffen kommen bei eis an déi dommader rechnen dat se och emmer hir Paie kreien an dat den Betrieb weider geet, datt sie och gesechert sin.

Haut eng Fra ze sin ass fir mech ….

Eng Fra haut zesin heecht maachen waat een gaeren mecht. An wann een daat esou mecht, kennt een och iwwerzeegent eriwwer an dann areecht een och daat waat een sech als Ziel gesaat huet.