Jenny Warling

Jenny-Warling-visageHRS-Label-10-ans-HRSNotre 9ème participante est un des grands espoirs sportifs luxembourgeois, notamment dans le domaine du karaté. Il s’agit  de Jenny Warling, élue meilleure sportive au Luxembourg en 2014, qui dans sa jeune carrière à déjà décroché le titre de championne d'Europe U21 et a gagné cette année la médaille de bronze dans sa catégorie au Championnat d'Europe Seniors à Istanbul. Découvrez le parcours, les projets et les ambitions d’une jeune sportive de haut niveau au futur très prometteur.

 

Découvrez son parcours, ses engagements, ses défis, sa vision de la femme au 21 siècle.

INTERVIEW DE MME WARLING

Ech sin d’Jenny Warling, sin den 25ten Mäerz 1994 an der Clinique Bohler gebuer an fir den Moment studéieren ech an maachen parallel mäin Karate op héichem, internationalen Niveau.

Kéint Dir eis Ären beruflechen Parcours verzielen ?

Fir den Moment studéieren ech op der Uni Bonn-Rhein-Sieg Forensik an ech hun elo och en Club an Däitschland fonnt, dann kann ech parallel nach mäin Karate maachen. Forensik ass haaptsächlech opgebaut op Chimie an en kléngen Deel ass och Analysen, wéi zum Beispill Fangerofdréck sécheren. An et geet haaptsächlech dorëms all déi analytesch Verfahren am Labo kennenzeléieren.

Well Dir dono an en Labo schaffen goen?

Jo, also daat ass op jiddwerfalls mäin Ziel. Vläicht gin ech och nach an d’Richtung vun der Qualitéitssécherung, mee daat ass am Moment nach en bësschen open.

Wisou hudd Dir grad Karate gewielt ? Wuar et een Kandheetsdraam ?

Et ass amfong duerch mëng Elteren komm, déi hun allen zwee Karate gemaach an mat 5 Joer sin ech fir d’éicht dohinner gangen. Am Ufank huet et mir nach net esouvill Spaass gemaach, well net vill Turnéieren ronderëm wuaren mee mat der Zäit huet sech daat en bësschen angependelt an am Moment sin ech frou dass ech deen Wee gangen sin.

Waat gefällt Ierch am beschten um Karate? Waat ass am wichtegsten?

Also am wichtegsten ass mol Disziplin, seng aner Leit ze respektéieren an eben nie opginn, also emmer dobäi ze bleiwen.

Wuar et schwéier sech eng Plaz als Fra ze maachen ?

Vläicht manner well et schon virdrun Fraen gin sin, wéi zum Beispill d’Tessy Scholtes, déi den Karate hei zu Lëtzebuerg schon als Fra duergestallt hun an dofir ass den Karate hei am Fong éichter direkt mat Fraen verbonnen.

Waat ass Är scheinsten Victoire ?

Meng schéinsten Victoire wuar dest Joer am Abrëll. Daat wuar mam däitschen Team op der däitscher Landesmeeschterschaft wou mir als Team an der Final gewonnen hun.

Lescht Joer wuar dir och „Sportif luxembourgeois de l’année“?

Jo, ech sin d’lescht Joer „Sportlerin fum Joer“ gin, ech haat wierklech eng top Saison. Dëst Joer ass et vläicht net grad esou gudd, mee ech hun trotzdem erëm eng Medail op der Europameeschterschaft geholl an vun dohier kann ech mech wierklech net bekloen.

Waat ass déi gréissten Erausfuerderung déi een Ierch jeemools lancéiert huet ?

Ech haat schon vill Erausfuerderungen mee ech mengen déi gréissten wärt nach befier stoen, ech mengen et kommen nach vill méi grousser op mech duer.

Waat ass Ären Antistress Trick ?

Mat den Kollegen oder ënner Famill eppes ze ënnerhuelen, sief et mat menger Mamm iergendwou hin ze fueren an en bësschen shoppen ze goen oder einfach mat Kollegen sin, eng Kéier en Dag mol keen Sport ze maachen, mee einfach an den Kino goen, zesummen eppes kachen oder baken.

Waat ass Är Devise ?

Nie opzeginn. Einfach emmer no vir kuken an sech net hänken loossen mee emmer an Zukunft ze kuken.

Wéieen Genre Bebé wuar Dir ? Wéi wuar Dir als klengt Meedchen ?

Jo, do haat ech en bësschen meng Mamm gefroot well ech mech net méi konnt drun erënneren mee ech wousst schon waat ech wollt, ech wuar vläicht e bësschen stur an ech haat et net gäer wann aaner Leit mat mengen Spillsaachen gespillt hun, well daat jo schliisslech meng wuaren. Mee fir den Rescht wuar ech ganz erdrobar.

Wéieen Kandheetsbild fällt Ierch als éicht an ? Hudd Dir eng Anekdot ze zielen ?

Eben dass déi aaner Kanner net duerften mat mengen Spillsaachen spillen an dass wann ech um Mier eng Sandbuerg gebaut hun, ech net frou wuar wann d’Waasser se futti gemaach huet.

Waat sin Är Leidenschaften?

Haaptsächlech Karate. Deen huet mech amfong mäin ganzt Liewen begleed, ech hun vill Zäit dran investéiert, waat ech och nach emmer maachen. Karate ass einfach en Deel fun mengem Liewen. Et gin awer nach aner Sportarten, wéi Foussball oder allgemeng Sport, déi ech maachen wann ech Paus hun. Dann gin ech zum Beispill en bësschen Foussball spillen mee daat wiesselt einfach ëmmer en bësschen of. Ech bewegen mech schon, well wann ech keen Sport maachen, dann fillen ech mech sou midd. Ech brauch einfach emmer Bewegung well ech daat eben gewinnt sin.

Bréngt Dir et fäerdeg Ierch ze schützen andeems Dir Zäit fir Ierch huelt? Waat sin Är Ressourcen ?

Heiansdo sin ech och frou wann ech eben duerch den Studium eppes ze maachen hun, dann kann ech mech oflenken. Den Studium lenkt vum Sport of, an den Karate vum Studium. Dat kompenséiert sech amfong gudd. Wann ech mat deem engen, ech well lo net soen d’Flemm hun, mee bësschen genervt sin, dann kann ech mech méi op daat aanert konzentréieren. Ech hun also emmer zwou Dieren op, daat heecht ech kann daat eent maachen, awer och daat aanert.

Wéieng Persoun bewonnert Dir am meechten ?

Ech bewonneren meng Elteren, mee och mäin Bop, well ech oft als klengt Kand bei meng Grousselteren gangen sin, an hien vill fir mech gemaach huet.

Waat sin an Ären Aan déi wichtegst Eigenschaften ?

Vertrauen hun an eben och Éierlechkeet. Ech mengen déi verbannen sech och mateneen. Wann een éierlech ass, dann huet een och Vertrauen an een. Fir mech ass et daat waat am Liewen gëllt.

Wéieng Rotschléi géif Dir jonken Mammen gin waat d’Erzéiung ungeet ?

Ech mengen daat ass elo e bësschen schwéier ze soen, well ech selwer nach keng Kanner hun, mee ech denken se sollen sech einfach vill Zäit fir hir Kanner huelen an probéieren hinnen einfach allméigleches ze bidden. Mee och konsequent sin an se net zevill verwinnen, well daat ass och net gudd.

Wou wuart Dir virun 10 Joer ?

Do haat ech 11 Joer, daat ass schon eng Zäitchen hier. Do sin ech mol nach an d’Primärschoul gang, mee ech kann mech éierlech gesoot net wierklech gudd dorun erënneren. Ech hun deen Moment zwar schon Karate gemeet mee net op esou engem héigen Niveau. Do wuaren an engem ganzen Joer vläicht eng Landesmeeschterschaft an nach een aanert Turnéier. Do wuar et amfong nach net mäin Haaptziel.

Wéieen Lierwen wënscht Dir Ierch an 10 Joer ?

Dass ech och vläicht Kanner kréien, den richtegen Mann fannen an en gudden Job hun - een wou mir Spaass mécht an wou ech och gäeren weider maachen. Karate hänkt dovunner of. Am Moment sin ech nach voll dobäi mee ech wees net wéi laang mäin Kierper et nach matmecht, well ech et eben schon esou laang maachen.

Waat huet am meeschten un Ierch geännert an denen leschten 10 Joer ?

Op mech selwer lauschteren an Vertrauen an mech selwer ze kréien. An och spontan Reaktiounen, dass ech déi richteg Décisiounen zu deem richtegen Zäitpunkt huelen.

Wann Dir … wiert?

Eng Musik?

Also meng Lieblingsmusik ass „Hall of Fame“. Daat wir ech dann och dementsprechend gäeren.

Een Déier?

Wann ech en Déier wier, dann wier ech en Delfin , well ech als klengt Kand emmer faszinéiert wuar fun denen Déieren.

En Land?

Wann ech en Land wier, dann wier ech Lëtzebuerg. Ech sin schon frou hei zu Lëtzebuerg gebuer ze sin, well et en schéint Ländchen ass, et ass kleng an et kennt een iwwerall schnell hin. Ech mierken daat elo am Verglach zu Däitschland, well do ass daat schon méi komplizéiert. Et ass zwar een Land mee et ass ze grouss. Ech hun léiwer en klengt Land.

Een Plat?

Wann ech een Plat wier, dann wier ech eng Paangech mat Nutella. Mee den Nodeel ass, dass deen schnell fort ass.

Eng Fuerf?

Wann ech eng Fuerf wier, dann wier ech blo, well et einfach meng Lieblingsfuerf ass. En speziellen Grond gett et amfong net.

En Parfum?

Wann ech en Parfum wier, dann wier ech fun Paco Rabanne „Lady Million“.

Waat een iwwert mech wessen muss…

Ech mengen ech sin zimlech konsequent, wann ech mir en Ziel setzen, dann well ech daat och erreechen.

Ech hätt gäeren eng zweet Chance fir…

Vläicht en Combat. Lécht Joer op der Weltmeeschterschaft, geif ech schon een Combat gäeren nach eng Kéier kämpfen an gewannen.

Waat ech un mir änneren géif…

Spontan näicht. Vläicht dass ech mech heiansdo méi an aaner Persounen versetzen kann, awer usech sin ech ganz zefridden.

Waat ech bereien

Vläicht dass ech net éichter en Hond krut.

Waat mir Angcht mecht

Den Klimawandel. Et gett emmer méi waarm, d’Wierder spillt verréckt. Dann ass et eng Kéier waarm, eng Kéier ganz kal, an ech wees iergendwéi net wou daat hingeet.

Waat mech virun bréngt

Sech einfach emmer nei Zieler ze setzen. Wann een daat eent erreecht huet, dann muss een schon daat nächst hun. An daat souwuel am sportleschen, wéi am schouleschen. Bei mir fonktionnéiert daat zesummen – wann et an der Schoul gudd leeft, dann leeft et meechtens am Karate och gudd. Ech hun mir d’Kombinatioun méi schwéier virgestallt. Ech wuar jo am Sportslycée, do ass daat alles en bësschen méi einfach gewiercht, well déi woussten dass een Sportler wir an déi daat och méi respektéiert hun. Wou ech am Ufank op der Uni wuar, do huet jo keen mech kannt, déi woussten net dass ech Karate maachen, an do hun ech mech och selwer missen organiséieren. Kuken wéini ech Zäit hun, wéini ech net do sin, waat ech wéini nohuelen muss, Kollegen froen fir Notizen ze kréien, asw. Dun kruten se et awer raus well ech eng Kéier dohinner gangen sin fir eng Ennerschrëft fir op d’Studenten WM ze kréien an do wuaren se och direkt begeeschtert. Seitdeem gin ech och emmer angelueden wann éirenseen Sportstreff ass, oder eng Pressekonferenz. Och wann ech iergendeen Problem hun, kann ech mech bei hinnen mellen. Och wann ech eng Klausur net kann mat maachen, dann kann ech déi nomaachen.

Wir Sport als Beruf eppes fir Ierch?

Ech denken net, daat wir mir dann ze vill eesäiteg. Wann ech mech nëmen nach op den Sport géif konzentréieren, dann wir daat wierklech en Beruff an ech mengen dann mecht et mir net méi souvill Spaass, well ech wees dass ech et muss maachen. Am Moment maachen ech et well et mir Spaass mecht an well ech Freed dodrun hun an wann et eng Kéier net méi geet, wann ech iergendwann keng Loscht méi hun, dann sin ech einfach fräi fir opzehalen an sin net dovunner ofhängeg. Ech mengen et ass einfach d’Astellung an ech well einfach eng zweet Dier ophunn.

Waat géif Dir gäeren berufflech maachen?

Am Moment ass daat nach en bësschen vague, ech maachen d’nächst Joer mol mäin Bachelor an ech sin entschlossen nach en Master dodrun ze hänken. Ech well dono Richtung Qualitéitssécherung goen an mäin Ziel ass an en Labo ze kommen. Waat genau ech dann do maachen, daat loossen ech mir nach op.

Well Dir zu Lëtzebuerg bleiwen?

Jo schon, also définitif spéider mol. Ech probéieren direkt hei eng Aarbecht ze kréien, mee wann net, dann wir ech och interésseiert an Däitschland e puer Joer ze schaffen, éier ech dann wéilt op Lëtzebuerg kommen. Daat ass awer nach net esou ganz définéiert.

Wéieen Rotschlo géif Dir denen Jonken gin, déi mam Karate unfänken?

Sie sollen net opgin wann se iergendeppes net hinkréien, wann se net onbedéngt déi Bescht sin fir mat den Been ze schaffen, dofir awer besser mat den Hänn sin. Et muss een seng Stäerkten ausbesseren an seng Schwächten versichen ze minimaliséieren. Et dierf een och net den Kapp hänken loossen wann et eng Kéier net esou gudd geet. Schliisslech huet een esou vill Turnéieren, eng Kéier geet et gudd, eng Kéier net, daat ass einfach esou. Heiansdo ass et och gudd ze verléieren, dann wees een wéi schéin et ass ze gewannen.

Waat wua Ärt schwéiersten Turnéier?

Daat wuar lo dëst Joer ganz nei, d’Europa Spiller. Daat wuar schon baal eng aner Welt, well daat och fir d’éicht wuar dass Karate dobei wuar, well mir jo net olympesch sin. Ech hun jo schon vill Turnéieren gekämpft, mee daat do wuar eppes ganz aneschters.

Aert gréissten Ziel?

Dass Karate olympesch gett an dass ech dann och do kann starten. Dass daat net éirenswann an 20 Joer ass.

Haut eng Fra ze sin bedeit …

Einfach Power ze hun an wëssen sech duerchzesetzen.