Anne Simon

Anne Simon-visageHRS-Label-10-ans-HRSAnne Simon a choisir de faire de sa grande passion, le théâtre, son métier. Après des études au prestigieux Royal Holloway, University of London elle a fait ses débuts en tant qu'assistante-régisseur au Théatre National de Luxembourg. Aujourd'hui elle voyage beaucoup pour réaliser ses projets de théâtre dans divers pays du monde.
Quelle est sa plus grande victoire et comment préparer un spectacle dans une langue qu'on ne maitrise pas... ? Découvrez le parcours passionnant et passionné d'une jeune artiste luxembourgeoise.

Interview de Mme SIMON

Main Numm ass Anne Simon, ech sinn den 19ten Abrëll 1982 an der Clinique Bohler gebuer an ech sin Regisseurin beim Theater.

Kéint Dir eis Äre berufleche Parcours verzielen ?

Ech hunn als Kand vill Theater gespillt. Déi Zäit war et sielen dass een Theater, Schauspill oder Regie géing studéiere goe, well dat war jo kee „richtege Beruff". An ech muss soen dass meng Elteren, virun allem meng Mamm, sech ganz stark dofir angesat hunn, dass ech dat konnt studéieren goen. Och par rapport zu de Leit ronderem, wéi zum Beispill mäi Bopa, deen dat deemols net esou gutt fonnt huet, mee deen elo awer total hannert mir steet. Deen huet einfach gefaart, vläit well e selwer Artist ass. Mee meng Elteren hu mech wierklech ganz staark ënnerstëtzt fir dass ech Theater an England studéieren konnt goen. Ech hunn du mäi Bachelor gemaach an ech wollt usech dono nach en Master maachen, mee do krut ech ugebueden meng éischt Regie-Assistenz zu Lëtzebuerg ze maachen, am Nationaltheater beim Frank Hoffmann. A gottseidank hunn ech dunn d'Décisioun geholl fir kee Master méi ze maache, mee eben direkt schaffen ze goen. Regie ass jo effektiv e Beruff deen een um Terrain léiert, et ass jo finalement een Handwierksberuff. Dofir sinn ech ganz frou iwwert déi Décisioun dass ech net nach weider akademescht Wëssen, mee prakteschtes gesammelt hun. Dono hunn ech ganz vill Joeren Assistenz gemaach, wat mengen ech ganz wichteg ass fir seng Basis als Regisseur kënnen ze fannen: fir déi verschidden Techniken ze léieren, fir mat de Schauspiller a mam Text ëmzegoen, fir ze léiere, wéi een en Text schneid, wéi ee verschidden Décisiounen hëllt, mee eben och dat technescht Wëssen.
Bis ech dunn 2007 meng éischt ege mise-en-scène gemaach hunn: en Zesummenschnëtt vum John Osborne sengem „Look back in Anger" aus den 50er Joeren an dem Mark Ravenhill sengem „Shopping and Fucking" aus den 90er, wat en immens flotten Projet war, dee super ukoum.
Et huet immens vill Spaass gemaach an ech hunn domadder och en Concours fir nei Regisseure gewonnen. Vun do uns hunn ech regelméisseg meng egen Regie gemaach an dat op ganz ville Plaze, mat independante Compagnien, an an deene verschiddenen Theateren zu Lëtzebuerg a méi spéit enger Rëtsch am Ausland. Ech hunn awer och nach eng Zäitchen ëmmer erëm assistéiert, well ech et wichteg fannen dass een ëmmer weider léiert an net mengt dass een mat 25 Joer fäerdeg ass mat bäiléieren. Virun allem an engem kënschtlereche Beruff dierf een dat ni ophalen. Bis haut hunn ech, mengen ech, schon iwwert 40 Regie-Aarbechten gemaach.

Wéi hudd Dir Äre Beruff gewielt ? War et e Kandheetsdram ?

Mäin Beruff ass sécher mäin Hobby, mäi Kandheetsdraam an mäin Lierwen.

War et schwéier sech eng Plaz als Fra ze maachen ? Mat enger Carrière wéi Ärer, sidd Dir oft mat Stereotype konfrontéiert ?

Et ass erstaunlech am Theater. Et ass e ganz spezielle Kader, well op deeër enger Säit huet een natierlech deen technesche Volet, deen leider nach ëmmer extrem maskulin besat ass. Wat deelweis awer och mat den Aarbechten ze dinn huet: als Bühnentechniker zum Beispill huet een dacks schwéier Saachen ze droen an do génge vill vun eis Fraen einfach un eis physesch Grenze stoussen. Et ass awer esou, dass et ëmmer méi Lutendesignerinnen gëtt - dat ass zum Beispill e Beruff deen ewell méi dachs vu Fraen ausgübt gëtt, awer leider och nach ëmmer ze mann. Vläicht well mir als Fraen och selwer nach ëmmer Angscht hu, fir an déi Männerwelt eran ze goen, eis selwer hannert dem egene Cliché verstoppen. Op der anerer Säit ass et natierlech esou, dass de kënschtlerechen Deel méi weiblech besat ass. Wann ech nämlech lo kucke wéi eng jonk Regisseuren déi lescht 10 Joer zu Lëtzebuerg ukomm sinn, waren dat quasi nëmmen Frae, wat och eng interessant Entwécklung ass.
Déi éischte Kéier awer, wou een an en Theater erageet, ass et wierklech esou, dass ee sech am Ufank vläicht d'Gefill huet dass een do net richteg ass: Ech haat 21-22 Joer déi éischt Kéier wou ech op engem ganz grousse Festival geschafft hunn. Do kennt een bei all déi Techniker an dann gëtt déi „jonk Strutz" fir d'éischt emol belächelt – oder et huet een op mannst déi Impressioun. Mee wann di jonk Strutz dann awer hier Aarbecht mécht, da gëtt et ganz séier a ganz vill respektéiert. Vläicht esouguer méi als Fra, wéi als Mann. Dat sinn Erfahrungen déi natierlech iergendwéi an engem Cliché geäerd si, mee déi awer heno, wanns du de Contraire bewisen hues, fir all Mensch eng extrem gutt Erfahrung sinn.

Wat ass Är scheinsten Victoire ?

Meng schéinste Victoire ass ganz allgemeng déi, dass ech dat konnt an duerft maache wat ech wollt. Dass ech an e Beruff konnt goen, deen déi Zäit, hei zu Lëtzebuerg, net als „léierbar" oder net als wierklechen Beruff ugesi war. An dass ech do vu menger Famill ënnerstëtzt gouf, against all odds. Wann dat net geklappt hätt, wier ech Kardiolog ginn. Dat war déi zweet Optioun. Mee ech mengen awer net dass ech dat je hätt kënnen duerchzéie, well eben dat anert ëmmer méi staark war.

Wat ass déi gréissten Erausfuerderung déi een Ierch jemools lancéiert huet ?

Eng vun de gréissten Erausfuerderungen war dass ech zougesot hat fir e Stéck an enger Sprooch z'inszenéiere, déi ech net wierklech schwätzen. Dat war eng lëtzebuergesch-katalanesch Ko-Produktioun zu Barcelona an d'Stéck war zu 9/10tel op katalanesch. Ech schwätzen e wéineg Spuenesch mee dat ass definitif eng aner Sproch. Ech hunn dunn e Mount zu Barcelona gewunnt an geschafft an et ass mir net vill anecht iwwreg bliwwe, wéi d'Sprooch während dem Schaffen ze léieren. Dat war effektiv sproochlesch a kulturell eng extrem Erausfuerderung.

Wat ass Ären Antistress Trick ?

Ech hat ni en anti-stress Trick, well ech geduecht hunn, dass Stress eppes normales wir a de Stress och iergendwou Adrenalin produzeiert. Dat huet sech awer entretemps geännert...
Ech war als Kand a Jugendleche ganz laang an engagéiert an de Scouten mee duerch d'Uni an dono de Beruff, hunn ech gemengt dat wir net méi kompatibel. D'lescht Joer wer huet d'Scoute vun der FNEL hiere Centenaire gefeiert a mech gefrot ob ech net Loscht hätt, mat hinnen a fir si e Stéck ze schreiwen an ze inszenéieren. Wat ech och gemaach hunn an do hunn ech déi Welt erëm nei entdeckt. Dee Moment ass mir och opgefall, dass bis dohinner, déi lescht 10 Joer, quasi mäi ganzen Entourage just aus Leit aus Theater a Konscht besteet - egal wéi gären ech mäi Beruff maachen, egal wéi flott et ass, an egal wéi gutt Kollegen et sinn, ass mer du kloer ginn, dass dat vläicht awer net ganz normal oder gesond ass. Et kann och net ganz gutt si fir meng egen Aarbecht, well ech muss mech jo och iergendwou anescht inspiréiere kënne, wéi ëmmer eiser egener Mëscht. Esou dass déi Aarbescht mat de Scouten escape war, eng porte de sortie, déi mir gehollef huet ze réaliseiere, dass et nach eppes anescht nieft der Aarbescht gëtt.
Dofir engagéieren ech mech erëm säit engem Joer ganz staark an den Scouten, an dat ass mengen ech e ganz grousse stress relief.
Deen aneren anti-Stress Faktor ass dass mäi Frënd an ech virun e puer Méint e ganz alen Mupp adoptéiert hunn, an deen hëlleft extrem beim Ofschalte: beim erausgoe, Sport maache, lafen a spille goen mierken ech, dass d'Problemer oder den Drock deen ee sech mécht an opbaut séier vergësst well een do och eng wierklech Aufgab huet.

Wat ass Är Devise ?

Meng Devise ass „See what happens!". Ech mengen dass verschidde Saachen a Liewe, bei der Aarbescht an an der Kreatioun musse geplangt gi, mee innerhalb vun deem Plangen an deeër Struktur ass et extrem wichteg dass ee kuckt iergendwou spontan ze sinn.
Wa sech op eemol bei de Prouwe vun engem Stéck, nei Diren opmaachen, an deemno Iddie sech ännere, da muss ee sech upassen an déi Iddien, exploréieren, och wa se fir d'éischt emol net an d'Konzept passen. Dat ass spannend an opreegend op deeër enger Säit a virun allem produktiv.
Innerhalb vun deeër „See what happens!" Astellung, ass fir mech eng zweet Liewensiddi bal nach méi wichteg an dat ass d'Devise: „Fail, Fail again, Fail better" wéi den Beckett gesot huet. Well ouni Feeler an ouni Bäilafe, léiere mir och net bäi. Dat gëllt esouwuel fir d'Liewen wéi och fir mäi Beruff. Leider ass d'Iddi vum Scheiteren ëmmer manner an eiser Gesellschaft akzeptéiert: den Droit fir e Feeler ze maachen, ass ëmmer méi kleng. Dat ass immens Schued well ech mengen dass mir eis domat méi Grenzen setze, wéi dass mir eis Ëffnunge maachen.

Wéiee Genre Bebé war Dir ? Wéi war Dir als klengt Meedchen ?

Ech war als Meedchen, esouwäit ech mech erënneren, an esouwäit ech et erzielt krut, en zimlech opene Bebé, deen ganz explorateur war. Ech si gäre bei aner Leit a Kanner gaangen. Zwar wollt ech ni fortlafen oder esou, mee ech wollt awer ëmmer bei anere Kanner sinn an dofir sinn ech dacks entwuscht. Eng Kéier ass an der Vakanz eng Kolonie vu jonke Kanner laanscht gaangen an du sinn ech einfach mat deene mat gaangen, well ech eben dozou gehéieren wollt.
Dee Kader, dee mech als Kand am meeschte geprägt huet, ass de Kino, well ech do quasi all Dag war Meng Mamm seet dass ech net geschwat hätt bis dass ech wierklech ganz Wieder soe konnt, ech hun et mol net probéiert och wann dat elo e bësschen géint meng Devise mam „Fail" geet. Meng éischt Wieder waren (esou seet mäi Papp): Filme rullerullerull (jo, déi Zäit gouf et nach Pellicule a Filmbobinen ;) )

Wéiee Kandheetsbild fällt Ierch als éicht an ? Hudd Dir eng Anekdot ze zielen ?

Anekdoten hunn ech sécher eng Rëtsch: eng dovunner ass vu menger Nopesch, wat 1 Joer méi al war ewéi ech a Ramona geheescht huet. Ech hunn hat immens respektéiert - hat war jo schliesslech 1 Joer méi al. An dowéinst wollt ech esou si wéi hatt. Dofir hunn ech mech dunn eng Zäit selwer Ramona genannt. De Bopa huet gemengt ech hätt eng mat der Pan, oder dass ech vläit schizophren wir, mee ech wollt einfach nëmmen esou si wéi d'Ramona. Mer waren dunn eng Kéier a Südfrankreich an der Vakanz, an um Maart waren, huet eng Madamm gefrot : „Comment tu t'appelles?" an ech sot: „Ramona", an d'Madamm mat frabséischem Accent, natierlech: „Aaah! RamonA!". An ech sin fuerchtbar rose ginn an soot : „Nee, RAmOOOOna an net RamonAAAAA!!", an hu wierklech eng fuerchtbar opgefouert.
Ech war usech e ganz waakrecht Kand, mat anscheinend ganz decken Baken. Laut mengem Papp hunn ech ausgesi wéi den Droopy.
Wat ech als Kand wahnsënneg gäer gemaach hunn a wat mech extrem markéiert huet: ech hunn all Mettwoch Mëtteg, während Joeren, de Wizard of Oz gekukt. Dat ass och bis haut mäi Film fétiche.

Waat sin Är Leidenschaften?

Meng Leidenschaft ass mäin Beruff. Déi Fro ass ganz séier beäntwert.

Bréngt Dir et fäerdeg Ierch ze schützen andeems Dir Zäit fir Ierch huelt? Wat sin Är Ressourcen ?

Während deenen éischten Joeren am Beruff, war et extrem schwéier fir mech, eng Distanz par rapport zu der Aarbecht ze kréien, well et jo eben eng Aarbescht ass, bei deeër ee sech immens privat drann investéiert. Dat bréngt mat sech dass ee sech heiansdo emotional e bësschen méi wäit aus der Fenster leet. Op deeër enger Säit ass dat zwar immens schéin, well een natierlech e groussen Retour kritt, mee dat war am Unfank en bësschen schwiereg: ech hun dee ganzen emotionale Bagage aus der Prouw mat heem geholl. Dat war wierklech laang e Problem an et ass esouguer ee Moment esou wäit gaangen, dass ech an engem Joer, zwee Moschwieren hat. Dëst well an enger Produktioun einfach eppes u mech gaang ass, well do Leit net mateneen eenz gi sinn. Dorops hinn hunn ech mir awer gesot dass ech d'Handbrems zéien muss. Ech hu keng bestemmten Technik fir ze relaxen, ech kommen lo net heem a maachen Yoga. Mee ech soe mir dann : „okay, du kanns net permanent déi ganz Welt retten". Ech mengen dat ass ganz einfach just eng Astellung am Kapp. Ech mengen net dass ee sech einfach austoben ka goen an da wier et gutt. Et ass finalement ee mentalen Klick deen een muss fannen fir ze soen: „okay, do kann ech lo näischt maachen". An dann geet daat och.

Wéieng Persoun bewonnert Dir am meechten ?

Et ginn eng Rëtsch Leit déi ech bewonnere fir dat wat se professionell an artistesch geleescht hunn. Do denken ech awer dass déi Palette ze grouss ass fir lo eenzel Nimm ze nennen. Vu Leit déi mir méi no stin, ass et sécher mäi Papp deen ech bewonneren. Hien huet dat gemaach wat hie wollt maachen, „against all odds". En huet säin Beruff geklaakt, vläicht och e Beruff deen e gemaach oder geléiert huet, well dat eben esou war déi Zeit, an en huet sech e Betrib opgebaut, fir senger grousser Passioun nozekommen.

Wat sin an Ären An déi wichtegst Egeschaften ?

Eng ganz wichteg Egeschaft ass Gedold, déi ech selwer net hunn an déi ech übe muss. Déi aner wichteg Egeschaft fir mech ass Spontanitéit. Spontanitéit huet fir mech ganz vill mat Offenheet ze dinn a mat der Fähegkeet Saachen z'akzeptéieren, déi vläicht net normal si, Saachen zouzeloossen déi ee vläicht normalerweis net géing zouloossen an dozou gehéieren och Leit.
Ech mengen dat sinn zwou ganz wichteg Eegeschaften, déi vläicht net esou zesummen passen, mee eng Kombinatioun vun denen zwee ass vläicht ganz interessant.

Wéieng Rotschléi géif Dir jonken Mamme gi wat d’Erzéiung ugeet ?

Ech hu selwer keng Kanner, mee ech hunn awer vill mat Kanner geschafft - esouwuel an de Scouten, wéi och am Theater. Ech mengen, dat wat wichteg ass, ass dass ee Kanner exploréieren an Feeler maachen léisst. Ech fannen eng Educatioun ouni iergendwelch Grenzen sécherlech Quatsch, mee ech mengen et musse Grenze sinn déi d'Kand selwer verstoe léiert. Déi Grenzen mussen duerch eng egen Erfahrung entstoen, an dofir sinn déi egen Feeler och esou wichteg. Stéchwuert: Learning by doing.

Wou wart Dir virun 10 Joer ?

Virun 10 Joer, dat heecht 2005, hat ech esou just ugefaang mat schaffen. Do hunn ech en halleft Joer geschafft, a scho ganz vill flott Renconteren mat super Leit gemaach. Déi Zéit war dat éischt Stéck wat ech assisstéiert hunn. Dat war den „Hamlet" mam Thierry Van Werveke - do hunn ech hien an aner vill super Leit kennegeléiert a vill vun deene si mer ganz vill un d'Häerz gewuess.

Wéiee Lierwen wënscht Dir Ierch an 10 Joer ?

An 10 Joer géif ech mir wënschen op nach ganz villen anere Plaze geschafft ze hunn. Wéieng well ech awer elo net festleeën. Ech hat d'Chance déi lescht puer Joer vill am Ausland ze schaffe (Barcelona, New York etc) an ech hunn och elo erëm eng Rëtsch Projeten am Ausland. Ech wënschen mir, dass ech net wees wou ech an 10 Joer setzen.

Wat huet am meeschten un Ierch geännert an deenen leschten 10 Joer ?

Ech fëmmen net méi. Ech hunn zimmlech vill gefëmmt an hu vun haut op muer opgehaalen an doriwwer sinn ech och ganz houfreg. Dat war definitiv e riise Changement.

Wann Dir … wiert?

Eng Musik?

Wann ech eng Musik wär, da wir ech Freestyle Jazz.

Een Déier?

Wann ech en Déier wär, da wär ech entweder e Stachelschwäin oder eng Méiw. Dat si Lienen déi asu de Scoute kommen: mäin Wëllefcherscheffen Numm war Ikki, an den Ikki ass d'Stachelschwäin aus dem Dschungelbuch. D'Stachelschwäin ass dat wat hin an hir leeft, d'Noriichten awer och de Gossip verbreet, an och heinsando mol gutt oder schlecht doduerch manipuléiert. A mäin Totem an de Scouten ass d'"mouette serviable". Dat heecsht ech kann usech net fort vun deenen Déieren.

E Land?

Wann ech e Land kéint eraussiche fir mech, da wäer et de Vietnam. Ech hunn zwee Mol am Vietnam geschafft an dat war einfach eng super Erfahrung. Dat wir wierklech eng Plaz wou ech gäeren géif zeréck goen an och méi laang bleiwen, eben och fir ze schaffen.

Ee Plat?

Wann ech e Plat wir, wir ech definitiv iergend eng Form vu Curry.

Eng Fuerf?

Wann ech eng Fuerf wir, wir ech mof. Ganz einfach, well ech et ästhetesch eng schéi Fuerf fannen. Ech hu rosa zwar och immens gäere, mee rosa ass eben e bessii ze vill Klichee, an dofir mof.

En Parfum?

Ech hat an mengem Liewen emmer nëmmen een eenzege Parfum, deen och eng mof Këscht huet, well ech Parfumen am Fong net wahnsinneg spannend fannen an du war ech frou, wéi ech bis eng Kéier ee fonnt hat. Dat war an ass den „Ultraviolet" fum „Paco Rabanne".

Wat een iwwert mech wësse muss…

Wat ee wësse muss ass dass ech ze vill schwätzen an dofir ass och net ëmmer alles serieux ze huelen oder fir extrem wichteg ze huelen. Mee ech mengen dat fënnt ee ganz séierl eraus. An eben dass ech ze haart schwätzen, mee dat ass och okay.

Ech hätt gäeren eng zweet Chance fir…

Ech hunn dee Gedanken net gäere fir ze soen dass ech gäeren eng zweet Chance hätt. Et gi sécher Saache, déi ech hätt kéinten besser maachen, mee ech well a muss se sou akzeptéiere, wéi ech se gemaach hunn an ech well och hannert mengen Decisioune stoen, a mer och kënnen agestoen dass dat vläit net ëmmer di richteg waren...

Wat ech u mir änneren géif…

Mir selwer manner Fuerderungen ze stellen.

Wat ech bereien

Näischt.

Wat mir Angcht mecht

Et ginn e puer Saachen déi mir Angscht maachen. Ech mengen awer dass d'Angscht déi gréissten ass; dat irrationelt, onkontrolléierbart vun der Angscht, net Verstoe firwat dass een Angscht huet. Dat fannen ech immens scary a geféierlech.

Wat ech geléiert hun bei mir gäer ze hun…

Ech hu geléiert ze respektéieren oder ze schätzen dass et mir heinsdo kann egal si, wat d'Leit denken.

Wat mech virun bréngt

Virun bréngen deet mech sécher meng Freed um Liewen. Ech fannen d'Liewe schéin, ech fannen d'Liewen spannend. Et ass et derwäert aus all Situatioun dat Bäscht ze maachen.

Haut eng Fra ze sin ass fir mech ….

Eng Fra haut ze sinn ass fir mech ... kennen houfreg ze sinn op dat wat vill Frae virun eis scho geleescht hunn, awer och z'akzeptéieren dass mir eng Fra sin. Dass mir also net mussen oder brauche wéi e Mann sinn.